Musekssall

Den Ufank

Am Ufank goufen d'Prouwen am Café Biwer, spéider an der Meederchersschoul ofgehal, wat ëmmer erëm mat teschneche Problemer verbonne war.

No laange Verhandlungen mat der Gemengeverwaltung gouf eng Plaatz nierwent der Schoul fir den Opbau vun engem Veräinlokal fonnt.

Déi néideg Suën goufen vum Här Jacques Meyer virgestreckt, a schons 1904 konnt den Entrepreneur Henri Pickard den Bau fäerdegstellen. Et war zwar e primitiven Sall, de Buedem war aus Lehm an deen, als Sëtzplaatzen, einfach Holzbänken gerammt waren.

Eréischt am Joër 1927 gouf de Museksall vergréissert an eng Bühn agebaut. 1937 gouf e separate Proufsall gebaut, an e beweechlechen Holzbuedem, dee bei Bësch- a Wisefester als Danzbuedem genotzt konnt gin. No der Aquartéierung vu frieme Militär ass den Sall 1946 renovéiert gin. Bis 1961 sinn an dem Sall nach Prouwen ofgehalen ginn.

En neie Musekssall

Well den aalen Sall duerch de stännegen Zouwuess vu Musikanten ze kleng gëtt, sicht de Comité zesummen mat der Gemegeverwaltung no Ersatz. Am Prinzip ass ee sech eeneg fir en Neibau op der "Wäschbuerplatz". Aus finanzielle Grënn gëtt dëse Projet awer ëmmer erëm opgeschupt.

1957 tauscht d'Musek den ale Museksall géint en 6.26Ar groussen Terrain an eng Bäihëllef vun 200.000 Luf. 1961 konnt den neie Museksall feierlech ageweit gin.

Et huet iwwer 30 Joër gedauert bis de Sall enger gréisserer Renovatioun ennerzun gouf .

Am Oktober 1999 sin d'Arbechten zum Ëmbau vum Sall ugelaaf.

Emfang vun den Aarbechten:

  • Vergréisserung vun 12.30m x 7.70 m op 16.80m x 7.70m
  • E Versammlungssall fir den Comité
  • Vergréisserung vum Hall d'entrée
  • getrennten Toiletten
  • eng Gasheizung