Jugendmusikscontest VILLHARMONIX zu Cliärref

Crescendi
Loading Map....
22. Oktober 2017
Hall Polyvalent Cliärref
Hall Polyvalent, Clervaux

D’Jugendmusiken vun Leideleng, Ierpeldéng un der Sauer a Cliärref kommen zesummen fir un der 6. Oplaach vum Jugendmusikcontest Villharmonix deelzehuelen.

Detailer zum Oflaf:

  • Rendez-vous fir d'Kanner all ass um 09h30 Auer am Hall Polyvalent zu Cliärref an der Eselbuerer Strooss, Nr. 22
  • Animateuren iwwerhuelen déi verschidde Gruppen fir mat de Kanner Spiller ze maachen an den Oflaf vum Nomëtten ze erklären.
  • 11h30 Iessen
  • Ab 13h stellen all d’Gruppen noeneen hiert Kënnen ënner Beweis. Et gëllt awer nët nëmmen um musikaleschen Plang Top ze sinn, och Witz, Schnellegkeet a Spontanéitéit gi belount.
  • All Orchester presentéiert bei sengem Optrëtt maximal 3 Stécker
  • D’Jugendensembelen sollen an hirer normaler Besetzung spillen.

D’Percussiounsinstrumenter (Drumset, Xylophon, Glackespill, Conga/Bongo, Pauken, déck Tromm, Cymbales, Accessoiren) sinn op der Plaz.

  • Ausschliisslech d'Kanner bewäerten déi eenzel Optrëtter. Donieft zielen och d’Punkten déi d'Gruppen bei de Spiller sammelen.
  • Géint 16h kommen mir zum Ofschloss mat der Praissiwwerreechung. D’Gewënner kënnen sëch iwwert ee Präisgeld vun 400 Euro fir een Ausfluch an eng schéin Coupe freeën. Doniewt kréien si d’Villharmonix-Figur fir ee Joer mat bei sech an de Sall. Et geet keng Grupp eidel aus, jidderee kritt ee klenge Cadeau als Erënnerung a Form vun engem T-Shirt mat heem!

Schreift eng Äntwert

Är E-mailsadress wäert net verëffentlecht ginn. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.